Miso @ Dewelt


Go to content

Pier Kremer


DE PIER KREMER




`T gët keen,dee Kréimesch Pir nët kennt.
Hien as e liewegt Monumnent.
Hien huet gepikt a repikéiert,
de Geck gemaach,mee ni blesséiert.
Vun all deem,wat d'Regierung dreift
A wat deem kleng Mann nach bleift,
vu Pont et Schoossi a vu Steiren,
vu Kanner,déi frou Fester feiren,
vun allem huet de Pir geschriwwen.
Hien as dobei bescheide bliwwen.
Hien as nach haut dee Käercher Jong
Mat steiwe Buedem un de Schong.

Paul Pütz






Paul Pütz

d'Geschicht vun enger Méck

Eng Méck déi souz
ze tiermen do
An duecht iwwert
hir Sënnen no.
Et goung du wéi't huet
misse gon,
E Mann deen huet se
doutgeschlon
Mat engem
Lëtzebuerger Wort.
Déi aarme Méck koum
net méi fort.
Och dës Geschicht
huet eng Moral:
Eng Méck déi denkt,
déi gëtt net al.



De
Paul Pütz huet wéi onse
Pier Kremer
kee Blaat virun de Mond geholl



Erënnerungen un de Pir Kremer

 
 
Wéi mer
1999 am Possenhaus dem Pir Kremer
säin achzegste Gebuertsdag gefeiert hunn,
hat kee gemengt, datt et säi leschte Gebuertsdag wier.
De Pir wor gudder Déng an nach voller Pläng,
sou datt e Frënd gemengt huet :
De Pir huet iwwerhaapt keng achtzeg Joer,
hien huet der héchstens sechzeg.
Mee et koum aneschter.
D’Cahiers Luxembourgeois haten nach kuerz virdrunn
am Béchler zu Bäreldeng op eng Réceptioun invitéiert.
De Pir war do, mä hie wousst, datt hie krank wier.

Mir zwee hunn eis iwwer fënnefanzwanzeg Joer kannt,
mir haten eng ganz Rei Revuen ënner
PIK a POP
zesumme geschriwwen,
mir hu Liesungen uechter d’ganz Land ofgehalen
an eis och soss ëmmer regelmässeg getraff.
Et wor, deemools zu Bäreldeng,
  Deen éischten Owend, wou ech net wousst,
wat ech zum Pir sollt soen…

De Pir ass den 28. Mäerz 2000 gestuerwen..
Obscho seng Frënn drop virbereet woren,
wor d’Noriicht vu sengem Doud ganz schlëmm.
Et konnt een sech villes ouni Pir guer net virstellen.
De Pir huet geschafft bis zum Schluss.
Och fir d’Revue 2000
Décke Buttek
hat hien nach Texter geliwwert,
mee hien huet d’Première vum 14. Abrëll net méi erlieft. 
 
De Pir koum den
17. August 1919 zu Käerch op d’Welt.
Säi Gebuertsdatum, sou huet de Pir ëmmer gesot,
dat hat eppes mat der Armistice ze dinn.
De Krich wor riwwer an d’Leit wore frou
a wann d’Leit frou sinn, da kommen och
Kanner op d’Welt.
Sou huet de Pir dat ëmmer erklärt
an dann huet en heemlech gelaacht, wéi e klenge Bouf,
deen eng gestiicht hat.
 
De Pir war e richtege Käercher Jong
mam steiwe Buedem
un de Schong, wéi hie spéider soll schreiwen.
Hie wor an der Musek, am Futtball, jee,
iwwerall do wou eppes lass wor.
De Lex Jacoby erzielt an dem Buch
PIK-AS,
wéi hien, véierzeg Joer virdrun,
de Pir Kremer fir d’éischt gesinn huet.
Et wor op engem Futtballsmatch
tëscht Kopplescht a Käerch:
…Ënner deene Käercher,
déi matkomm ware fir de Match ze kucken,
ass ee mer extra opgefall:
e wor e Stéckelche méi grouss
ewéi déi aner an en huet den «
r»
besonnesch schéi gerullt.
Ech hunn en net kannt,
ma ech hu säi Gesiicht verhalen,
a Joren duerno hunn ech dat Gesiicht
an enger Zeitung erëmgesinn:
Et wor Kréimesch Pir…
Vläicht hat de Pir schonn deemools
d’Iddi fir säi bekannte Futtballreportage
tëscht dem F.C. Schinnegebees
géint de Sportsveräin Flappech
oder  fir säi  Lidd
Wa mir Futtball spillen.
Jiddefalls huet hien a jonke Jore
schonn ugefaange fir déi Käercher Musek
Sketscher ze schreiwen.
De Pir wor an der Stad an der Handwierkerschoul 
a spéider huet hie bei Pont-et-Choossi geschafft,
wou hie fir de Budget zoustänneg wor.
Och dat fënnt een a sengen Texter rëm.
Do ass zum Beispill
D’Lach,
ee vu senge beschte Sketscher,
oder och vläicht dat Gedicht
Valse lente:
 
Et soll Kantonjeesbal sinn,
‘t ass näischt draus ginn,
si hu keen Orchester fonnt,
dee lues genuch spille konnt.

 
1947 huet hien d’Alice kennegeléiert
an
1948 hunn déi zwee sech gestued.
1951 sinn se an d’Stad geplënnert
an
1956 ass d’Daniele op d’Welt komm.
De Pir war e gudde Familljepapp,
deen iwwregens phantastesch
Quetschentaarte konnt baken. 
 
1958 gouf zu Zéisseng duerch de Gaart an Heem
eng Theatergrupp gegrënnt a kuerz duerno
huet de Pir hei matgemaach.
Am Dicks senger
Mumm Séis huet hien de Sprochmates
an am Batty Weber sengem
Kanonéier
de Pireli Rumpa gespillt. 
Do huet hien och de Leon Blasen kennegeléiert.
 
An de Joren
1958 an 1959 huet de Nic Weber
de Léon Blasen ugestallt fir e puer Hörspiller
a Lëtzebuerger Sprooch, déi hien do leien hat,
fir de Radio ze preparéiren.
Dat éischt Hörspill, wat opgeholl gouf,
wor
Den Hellege Schetzel
vum
Pol Weitz an deen éischte Saz
virum Mikro vun Radio Lëtzebuerg,
deen de Pir gesot huet wor: Laudetur Jesus Christus.
Et wor dat den
1. Februar 1960 owes em néng Auer.
De Pir hat awer schon
1957 an engem
Michel-Rodange-Concours e Präis kritt
fir säin Hörspill
An Ongedanken.

Mee bekannt gouf de Pir virun allem
duerch säi
Staminet vu Sonndesowes.
D’Emissioun sollt am Fong geholl 
bei der rouder Luucht heeschen.
Et sollt e kuerzt Gespréich sinn, dat zwee Leit féiren,
déi bei der rouder Luucht waarden. 
Et koum anescht wéi geplangt an éischte
Staminet ass de
7. Juni 1964 iwwer d’Antenn gaangen.

Et sollten iwwer 1800 Sendunge ginn…

De Pir huet säi Staminet ëmmer
Samsdes muerges geschriwwen.
Mëttes ass en dann opgeholl ginn.
Wann en an d’Vokanz gefuer ass, huet en e puer
Sendungen mateneen opgeholl, sou datt déi Serie
ni ënnerbrach gouf.
Vill Leit hunn och all Joer op dem Pir
seng Sylvesterrevue gewaart,
mat dier hie scho
1960 ugefaang hat. 
1962 huet hien seng éischt Revue O Jeeminee
fir de Lëtzebuerger Theater geschriwwen.
Et sollten der nach vill, ganz vill nokommen.
De Pir wor op ee Coup ee vun deene beléifste Schreiwer
an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Revue.

Ech selwer hunn ugangs deene siwwenzeger Jore
Sketscher fir den Hei-elei geschriwwen.
D’Regie huet sengerzäit den Tun Deutsch gefouert
an d’Produktioun war an den Hänn vum Jos Pauly.
Och de Pir huet do matgeschriwwen
a sou hu mir zwee eis kennegeléiert.
1973 huet de Pir mech gefrot
fir mat him d’Revue ze schreiwen.
Et war nei, datt zween Auteuren
d’Revue geschriwwen hunn,
muncheree war skeptesch.
Et gouf du eng Zesummenaarbecht,
wéi ech se soss net erlieft hat.
Mir hunn diskutéitert,
een huet deem aneren seng Texter gewisen,
Pointen goufen ausgetosch.
Ech hunn deemools ganz vill vum Pir geléiert
an et war den Ufank
vun enger ganz perséinlecher
Frëndschaft,
déi iwwer
fënnefanzwanzeg Joer gedauert
an ni duerch iergend eppes a Fro gestallt gouf. 
D’Resultat vun dëser Zesummenaarbecht ass net ausbliwwen.
D’Revue
1974 Lux-Data gouf e groussen Erfolleg. 
Et war och dat Joer, wou de
René Pütz
fir d’éischt matgespillt huet.
Duerno huet et nach dacks geheescht :
D’Revue vum Joer vu
PIK a POP.
De Pir waor e ganz fläissegen Auteur
a mat de Jore koumen eng ganz Rei
Bicher mat sengen Texter eraus.
Et woren dat:
1971 Zesummegepiktes (Bourg-Bourger-Lëtzebuerg;
1976, Repikéiert (idem) ;
1982 Nogepiktes (idem) :
1984 Kanner feire frou Fester (RTL-Editions):
1989 PIK AS (Editions PHI zesumme mat
der Lëtzebuerger Kabarets-Entente) :
1994 Méi wéi honnert Pärelen
( Editions des Cahiers Luxembourgeois).

 
De Pir huet méi wéi
200 Lidder geschriwwen,
wou besonnesch de
Jean-Pierre Kemmer
d’Musek derzou gemaach huet.
Vill vu senge Lidder sinn op Disken erauskomm
a goufe richteg Vollekslidder.
Munnech vun dëse Lidder si méi bekannt as wéi de Pir:
d’Leit sangen se ouni ze wëssen, wien se geschriwwen huet.
Wa mir haut um Radio d’Melodie vum
Madelon héiren,
da denken mer net un dat franséischt Vollekslidd, 
mee un dem Pir säi gekachte Kéis.

De Pir Kremer wor regelmässege Mataarbechter
vun de Cahiers Luxembourgeois, wou bis zulescht 
Gedichter vun him erauskomm sinn..
Hie wor och Member vum Institut Grand-Ducal,
section des arts et des lettres,
wou hien d’Keess gefouert huet.  
 
1988 huet hie vun der Actioun Lëtzebuergesch d’Sëlwerplaquette
Dicks-Lentz-Rodange fir seng Verdéngschter
fir d’Lëtzebuerger Sprooch iwwerreecht kritt.
Bei dëser Geleeënheet huet hie wuel eent vu senge
beschte Gedichter fir d’éischt virgedroen.
 
Ech koum vum Duerf, d’Sprooch,
déi d’Leit do schwätzen hat ech gären.
Déi einfach Sprooch vun där ganz vill an héichgeléert Hären
behaapten se wier arem, a si wier beileiwen
net ze gebrauchen fir ze dichten an ze schreiwen.
Ech hu probéiert an hei an do en Ee geluegt.
Ech ginn et zou, eng Poésie hunn ech ni fäerdeg bruecht,
ma vläicht ass iewer alt eppes klengs mer gelong,
trotz mengem steiwe Buedem un de Schong.

 
 
 
De Kréimesch Pir war e wäitgereeste Mann
an e  grousse Frënd vun  vun der Konscht.
Op ville Vernissagen huet een hie gesinn.
Dat hat eppes mat sengem Käercher Schoulmeeschter ze dinn,
huet e mir mol verzielt.
De
Jules Christophory schreift :…
"Op all Vernissage freeën ech mech
hien hannen am Eck ze gesinn:
dee luussegen Duerfjong, an d’Stad verschloen,
dee mat interesséierten a schelmeschen Aen
op déi grouss a politesch Bühn eropbiicht,
an deen da spéider mat senger gehäerzter Sprooch
a sengem houbichenen Humor 
sou munchen opgeblosene Fräsch
um Pabeier oder virum Mikro
op seng richteg Dimensiounen zeréckstutzt..."
 
Ech hu vill Liesunge mam Pir zesumme gemaach
an eppes ass mir bei him opgefall.
De Pir wor e Mann vum Radio a vun der Bühn.
Seng Gedichter goufe schriwwe fir virgeliess ze ginn.
Am beschte woren se, wann hien se selwer gelies huet.
Wann de Pir vu sech selwer schreift,
hien hätt ni Poésie fäerdeg bruecht,
dann huele mer him dat net esou einfach of.
En huet eng ganz Parti vun Texter geschriwwen,
déi voller Poésie sinn.
 
Ech dreemen dacks en Dram
Vun engem Paradäis.
Et gi keng Räich e gi keng Aarm,
Et gi keng Schwaarz, et gi keng Wäiss,
Et gëtt kee Krich, kee Sträit,
Et gëtt kee Kniecht, keen Här.

Mäin Dram, dat as en Eck,
Wou een sech secher fillt,
E klengen, grénge Fleck,
Wou e klengt Meedche spillt.

 
Mee och a senge Kabaretstexter,
voll vu Spott an Ironie,
kléngt ëmmer e grousst Stéck Menschlechkeet mat. 
De Pir huet vill ge
PIKt, awer ni blesséiert an et mierkt een,
datt hanner dëse satireschen Texter a Lidder
e Mënsch stoung mat engem ganz,
ganz groussen Häerz.

Sou wäerte mir hien och an Erënnerung behalen.
 
Pol Pütz




 
Dësen Text ass esou
ergräifend
schéin geschriwwen!!


Ech soen dem Paul "Merci "
dass ech dësen op menger Homepage
verëfenntlechen dierf!




BIOGRAPHIE IWWERT
DE
PIER KREMER



De Pir Kremer ass de 17. August 1919 zu Käerch op d'Welt komm. Säi Papp huet zu Stengefort op der Schmelz geschafft, an no der Primärschoul ass de Pir an d'Stad an d'Handwierkerschoul gaang,
fir Mécanicien ze léieren.
No der Schoulzäit huet hie während méi wi
40 Joer bei de Ponts
et Chaussées an der Comptabilitéit geschafft.
Nieft Schoul an Aarbecht war hien awer och am Veräinsliewe
vu sengem Duerf aktiv: hien huet fir de Käercher Fussball gespillt,
a kleng Sketcher geschriff, di vun der Käercher
Museksgesellschaft opgefouert gi sinn.
De lokale Succès huet hien op de Goût bruecht,
a wi
1957 Radio Lëtzebuerg de Michel Rodange Concours ausgeschriff huet, huet de Pir Kremer säin Hörspill
an Ongedanken ageschéckt. Doduerch huet hien de Léon Blasen kennegeléiert a wi Radio Lëtzebuerg dem Pol Weitz säin Hörspill Den hellege Schetzel produzéiert huet, krut e gläich eng Haaptroll an diem Stéck. Domat hat e bewiss, dass en eng Stëmm hat,
di gudd iwwert de Radio komm ass, a kuerz drop, fir
Sylvester
1960, huet hien di éischt Revue fir
Radio Lëtzebuerg zesummegestallt.
Dem Pir Kremer seng pikeg Fieder hat e grousse Succès
bei den Nolauschterer vu senger Sylvester- a Fues-Revue
a vun
1962 un huet hien duerfir och de satiresch-bëssege Joresréckbléck fir de Lëtzebuerger Theater geschriff.
Alleng oder zesumme mam Pol Pütz (Pop) huet de Pik
25 Mol
fir d'Lëtzebuerger d'Joër am Stadter Theater Revue
passéiere gelooss. Iwert dem Succès op der Bühn
huet hien awer kee Moment de Radio vergiess.
Diene meeschten ass de Pir Kremer wahrscheinlech mat
sengem Staminet an Erënnerung bliff.
De
7. Juni 1964 ass di éischt Folleg vun Radio, Lëtzebuerg
gesend ginn a zënterhier hunn deMichel (Pir Kremer),
seng Fra Emely (Micky Bintz-Erpelding), säi Kolleg Meyer
(Léon Blasen) an d'Tatta Sidonie (Tilly Jung)
Sonndeg fir Sonndeg hir Meenung iwert d'Lëtzebuerger
Politliewen bei engem Pättchen vun der Vinsmoselle
zum Beschte ginn.


Bis zu sengem Doud den
28. März 2000 huet de Staminet
et op iwwer
1800 Folge bruecht!
Vill vun dem Pir Kremer senge Gedichter sinn och vertount ginn.
E bekannt Beispill ass d'Pompjees- Lidd Mir sinn um Dill,
dat
1966 vum Colette a Fernand gesong gouf.
Mee iwert all dienen Erfolleger huet de Pir Kremer
ni vergiess, dass en e Käercher Jong war.
U sengem Markenzeechen, dem gerullten "r",
huet jiddereen direkt héieren, dass de Pir aus dem Äischdall koum, och wann e spéider laang an der Stad gewunnt huet.
Wéi d'Actioun Lëtzebuergesch him déi sëlwer Dicks-Lentz- Rodange-Plaquette fir seng Verdéngschter un eiser Sprooch iwwerreecht huet, huet hien net etwa eng langweileg Dankesried gehal, mee säi Merci mat engem Gedicht iwert säin Heemechtsduerf an déi "einfach Sprooch", déi d'Leit do schwätzen,
ausgedréckt Och bei anere Geleeënheeten huet de Pir
sech u seng Kandheet am Äischdall erënnert:
An enger Festschrëft vun der Käercher Gemeng huet
hien eng historesch Duerstellung iwwert d'Doléiner
am Äischdall publizéiert, an an der Brochure
250 Joer Käercher Kiirch huet hien e puer vu senge Kandheetserënnerungen a sengem gewinnte Stil mat engem Schmunzelen an den Aan niddergeschriff.
Wahrscheinlech ass et genee des Manéier,
di dem Pir Kremer säi grousse Succès iwwert 40 Joër erklärt.
De Pir Kremer huet vill geschriff an zu villen Themen
seng Meenung gesot. Mee seng Piken waren ni béisarteg,
ni gehässeg, mee emmer mat engem Schotz
Laachen a Versteesdemech entschäerft.
An dem Band Méi wéi honnert Pärelen,
dien seng Frënn a Kollege fir dem Pir säi
75. Gebuertsdag an de Cahiers Luxembourgeois
erausginn hunn, dréckt de Rob Roemen et esou aus:
"Hie schwätzt fir déi, déi fir aner nit interessant sin.
Hie gräift d'Suerge vun dene Leit op, déi de Politiker
ze kleng oder ze reng sin. De Pir huet vläicht duerfir
och méi Supporter wéi all politisch Parteien zesummen."

Dem Pir Kremer seng Gedichter sinn zäitlos flott ze liesen,
a si loossen äis och sécher dann nach schmunzele,
wann al Rieden a Verspriechen vun
eise Politiker laang vergiess sinn.



Zesummegestallt vum

*Sandra Schmit*


Mataarbeschterin am Lëtzebuerger
Literatur-Archiv





EUROPA

d'Lokomotiv as ausgeleiert
d'Energië si verfeiert
d'Waggoë stin um doudege Strank
De ganzen Ënnerbau as krank
d'Wäiche si verkéiert gestallt
d'Stellwierk dat as kuurzgeschalt
d'Schinne féieren hier an duer
Kee weess wuer …
Den Zuch as fort.




PIER KREMER




NËT AUSZEDENKEN!

Et muss ee beim Denken
Ëmmer drun denken
Nët méi wäit ze denken
Wéi anerer denken.
Méi wäit ze denken
Wéi anerer denken
Da's nët auszedenken.
Well stellt ierch vir
Déi aner kommen nët no,
da stitt dir eleng,
mutterséileneleng,
mat iere Gedanken do.



PIER KREMER




RECHT AS RECHT !

Dat klénkt net schlecht .
Ma,wann ee sain Recht muss sichen,
Da kënnt een an d'Hexekichen.
Am Gestrëpp vu Paragraphen
Déi dem Recht séng Basis schafen
Fënt der Daiwel nët seng Mudder,
Dat ass Affekotenfudder.
All déi Coden,an die ganzen
Labyrinthe vun den Instanzen!
Wie keen laangen Otem huet,
Fir deen as den Asatz schued.
D'Recht dat hëlt sech ganz vill Zäit,
Well den Rechtswee deen as wäit.
D'Käschtespill as ongeheier,
D'Recht dat kënnt um Enn sou deier,
Dass de riichteweche Mann
Sech säi Recht nët leschte kann.
An aus der Ursaach fleet
Muencheen op d'Gerechtegkeet
.



PIER KREMER




DE KNUET!

Et as zimlech verdrësserlech,
Ech sin esou vergësserlech!
Wann ech epps ze verhalen hun,
Ech denken einfach nët méi drun.
Ech sin an de Gedanke schappeg,
Duerfir man ech ee Knuet an d'Schnappech.
Ma well ech d'Schnappech och vergiessen,
Duefir hun ech mer alt bein Iessen,
E Knuet a méng Zerwéit gemaaccht.
Dien Trick huet och net vill gedaacht.
Wat déngt dien allerdéckste Knuet,
Wann een de Knuet net bei séch huet?
Ech hun déi Saach laang iwerluegt,
A schléisslech hun ech du geduecht,
E Knuet am Läpp,vir oder hannen,
Die misst een dach bestänneg fannen
An't misst ee sech erënneren,
Ma Kniet um Hënner,hënneren!
A vir ee Knuet? Dee fällt vläicht op ?
Neen,ech verzichten léiwer drop.
Well wann ee keng Gedanken huet
Vergësst ee souwéisou de Knuet!



PIER KREMER




IP-DIP-DAP

Et war wéint der Ierfschaaft,do krut an der Zäit
De Kain mat dem Abel en déckege Sträit
De Kain huet dem Abel,ir die konnt eppes son,
Mat engem Paveesteen d'Hirschuel ageschlon
Ip dip dap,an du bas ab.
De Goliath,de Ris,war e Schwéiergewiicht.
Den David duergéingt die war liicht,ma gediicht.
De Schoss mat der Schleider deen as him gegléckt,
De Goliath,de Ris,as zesummegeknéckt
Ip dip dap,an du bas ab.
Duerno koumen d'Ridder,dun huet et gefluppt,
Mat Dollich a Sabel hun déi dra geknuppt,
A mat hire Lanzen krut muencheen e Lach,
Trotz dem Eisenpanzer an't Träipe gestach.
Ip dip dap,an du bas ab.
Méi spéit hun d'Chinesen de Polver erfond,
Duerno gouf de Klima nach méi ongesond.
Mat Klabis a Flënten,a mat vill Genoss,
Huet dun op Distanz een dien aneren erschoss.
Ip dip dap,an du bas ab.
d'Saach krut mat Kanounen eng aner Turnür,
Mat Minnen a Bommen nach vill méi Allür.
d'Maschinnegewierer sin och ganz kamoud,
Mat denen do séinen se richteg der Doud.
Ip dip dap,an du bas ab.
Haut hu se Uran an Atomer zerspléckt,
D'Neutronensprengkäpp sin och richteg gegléckt.
Huet haut ee Verréckten dien aneren um Napp,
Dann huet en et einfach: En dréckt op de Knapp.
Ip dip dap,'t as alles ab.




PIER KREMER




EN NATURTALENT!

Ech hun en Hond.Mäin Hond heescht Jhackel.
Et as e ganz gescheiten Dackel.
E kann nët nëmme Männche maachen,
E kann och och Kommando laachen.
En as ganz wuechsam a e mellt,
An wann e sech e Bello stellt
Dann as et well de Facteur kënnt,
Deem as en nët ganz gutt gesënnt
Ma dat as wieder nët abnorm,
Ech hun och epps géingt d'Uniform.
Als Juegthond,do ass hien en As!
Do as e wiirklëch Extraklass.
En huet e Flair! En huet eng Nues!
E richt all Feldhong an all Hues.
En dreift,e sicht,en apportéiert,
Et huet kee Mënsch en dat geléiert.
En huet alles vu sech,den Jhackel,
Hien as en Autodidackel!



PIER KREMER




TROTZDEEM !

En Zebra gouf am Steppenrand
Vun engem Zebra iwwerrannt.
´T as bal nët ze begräifen:
Dat,trotzden Zebrasträifen!



PIER KREMER




ET QUIITSCHT!

d'Madamm déi deet ëm Hallefnuecht
E Kreesch,'t mengt ee se géif geschluecht:
"Jos,d'Dronkenelle gi mer aus,
Ennert dem bett do quiitscht eng Maus".
"An dann",gaapst hien,
"mengs du dann iren
Ech géif elo opston a se schmiren".



PIER KREMER




Wien méngs Du wen's Du bas

Wanns du do kënne,liedergekleet,
da fills de déch „esou“.
Wann och de Kostüm dir gutt geet,
de Kapp dien hues de zou.
 ´T gesäit een dech meeschtens am Trapp
Mat dem geschuer’ne Kapp.
Du bas stéits aus op Rapp a Klapp,
d’Auslänner hues d’um Napp.
 Du lees dech mat de Friemen un,
eleng geet dir den Aasch,
Ma an der Band,do gees de drun
Do hues du de Kuraasch.
 Wann ee sech guer nët wiere kann,
schléis du am léiwsten dran.
Du mengs du wiirs e Supermann,
Du bas e Blödian.
 Nuets mools d’un d’Wänn „Déi Friem eraus“,
wie stécht do hannendrun?
Do as dach irgendwou eng Laus,
déi stellt dech Dabo un.
 Du kanns kee Portogies gesinn,
keen Neger an kee Bier.
Da kuck emol déng Fiselminn,
vu wou staams du dann hier?
 Wie war nët alles an dem Land?
Wien huet nët hei gekrischt?
Geraaft,geschännt,gemurckst,verbrannt,
oder nom… Gléck gesicht ? 
Schon déi al Réimer waren hei,
d’Spuenier sin ageréckt.
D’Fransousen,d’Preisen,an der Rei,
all hu se äis begléckt.
 D’Éisträicher sin hei agefall,
d’Hollänner koumen och.
De Yankee’ën huet d’Land gefall,
´t koum alles hei zum Zoch.
 Vläicht stécht an dir Zigeinerblutt?
Et as jo alles dran
Däin Urgrousspapp war vläicht e Judd,
e Russ oder German.
 Wanns du e Lëtzebuerger bas,
schwätz nëmmen nët vu Rass,
well du bas dach,trotz déngem Pass,
e Mitschmatsch éischter Klass.
 Looss dach deen domme Friemenhaass,
huel d’Saach dach wéi se as,
an denk drun,dass d’eng Stonn vun hei
och schon e Frieme bas.



Pier Kremer




WIEN HÄLT DAT AUS?

Nët nëmmend’Fraë kloën a jéimeren ënner sech.
De Männer geet am Liewen och Villes géingt de Stréch.
„Meng Frächen déi kënnt ëmmer“sou jéimert Hippches Mätt
„An hemelt mech a kësst mech,wa se gär Suën hätt“.
„O mei“,këmmt Happches Méchel,“dat wir nët ménger Saach
Dat Knuutschen an dat Lecken,
dee léiwe,laangen Dag“!




Pier Kremer




Jean-Pierre Kemmer
Song: Bei äis doheem an der Familjen
1968


RTL Fues Emissioun
Pier Kremer, Micky Erpelding,
Léon Blasen, Aly Bintz
Piano: J.P. Kemmer

Welcome | Pepita Bitch since 68 | Fighting spirit by Pepita | Poems by Pepita | My Daddy | Thorn Roots | Tree of Knowledge | The hope of Thorn roots | Miso since 1990 | Glossy Snap Shots | Beautiful Hours | Dog'ies by Miso | Dog'ies @ friends | Snowscape | Land Rover Story by Miso | Land Rovers | No more war | War Destruction | Future Grand Duke | Letters to the editor | Newspaper Articles | Critical thinkers | Staminet | Pier Kremer | Jemp Schuster | RTL 5 vir12 | RTL Pepita | DOK Pepita | Edy Krier | Käptn Änder & K1000 | Albert Nerini | Venant Arend | Georges Christen | Links by Pepi | Legal Disclaimer | Guestbook | Site Map

Last Up-Date Jan 15 2011 - Tropical Time

Back to content | Back to main menu