Miso @ Dewelt


Go to content

Letters to the editor

Newspaper: Luxemburger Wort; letters to the editorial staff publishes on 04/04/2007 ... by Pepita !




Eenhéetsstatut, méi Aarbëchtsloser!
An wat ass mam Endverbraucher?



Lo schon zënter Wochen débattéieren äis Politiker iwwert den Eenhéetsstatut. Jiddwereen brëngt séng Argumenter, an irgendwéi an déenen villen Débatten probéieren së,
séch an der Mëtt eenz ze gin.
Firmen bekloën séch, an brëngen Statistiquen eraus, wéivill eleng sie an hiirem Betrieb entloossen missten an eventuell mussen.
Jiddwer éngem säin Pefferkär, eppes vermëssen ech awer an déenen villen Débatten, déi jo mir, den Stéierzueler, berappen!
An do sin mir schon beim Punkt, beim roude Punkt. Den Stéierzueler ass jo ëmmerhin déen, déen divers Firmen engagéiert vir bäi séch Ëmbauten, Anbauten, Aménagementer, Fassaden, ökologësch Chaudière'n an alles dat wat äisen groussen lëtzeburger Marché unbitt, an séngen éegenen 4 Wänn zë réaliséieren.
Mat vill Courage an Enthusiasmus engagéiert éen eng Firma, an der Hoffnung dass séng Pläng an och Dreem, vun dëser Firma ëmgesaat gin. Dachs awer ass ët an der Réalitéit esou dass dem Client séng Freed um Ëmbau bzw. Anbau vun séngem Häischen, séng néi ëmmerhin *thermësch isoléiert Fassad*, dun méi séier gebräckelt ass, wéi séng Dreem an séng Viirstellung vun séngem Projet
vis à vis dëser Firma!
Éischt emol probéiert den wuelerzunnënnen Lëtzeburger, déi Saach mam Patron vun der Firma an't Réih ze brëngen.
Do gin ët dann ée puer Méiglëchkéeten.
Entweder zitt dësen dée Client gutt an't Längt,
klappt him op't Schëller,
an méngt, "Mir maachen Ierch schon alles an't Réih, suegt Ierch nët!"
Wann dëse Client awer schon éen gebranntent Kand ass, séch erlaabt no éngem Delai ze froën, vielläicht zeguer den Culot huet sech dësen Delai och nach schrëftlëch zë gin,dann huet éen et als Client guer nët méi sou gutt an gëtt höchstens nach vum Patron op't
Schëller geklappt mat der Aussoo: "
Ma wann Dir méngt, gudden Här, dann huelt méch mol op't Geriicht.
An dann kukken mir wäider.
Dann fänkt Affaire un brookëlëg zë gin, an séier huet
éen vill Dossier'en gefëllt.
Et fänkt jo domadder un, dass deen bäi't Lisette gelossenen Client elo mol éen *Rapport d'Experise* vun éngem *Expert assermenté en bâtiment* déen méiglëchst och nach *Membre de la Chambre des Experts Luxembourg* muss sin, engagéiert!



Déi Expert'en sin jo nët virnäischt Expert vun der Chambre des Experts, an lossen séch hiren Dossier gutt bezuelen, virwat och nët. Ët ass jo dann valabel vir äist Geriicht! Wann deen dann dësen Expertisen-Dossier an den Hänn hällt, ootëmt dë Client op, fillt séch am Rechtssystem verstaanen an gëtt ët un sàin Affekot wäider mat der Hoffnung, dass dës brookëlëg Affaire
geschwënn een Enn huet.
Den Affekot vir säin Deel méet séng Aarbëcht, schréiwt den Patron unawer op eng *Mise en Demeure* verlaangt
gëtt oder nët,vum Patron kéng Réaktioun.
Oder ën léisst iwwert säin Affekot ze verstoën gin,
dass dat alles ganz aanëscht wor.
Sou zitt Zäit an't Land, Dossier'en fëllen séch wäider. Fassade bräckelt ëmmer méi an sou muss noo laangem, bis elo, nach näicht erréechtem, éng néi Expertise gemeet gin, well den
Schued jo net méi kléng gëtt.
Den Affekot schafft jo awer och net virnäischt.
Lo gëtt ët schon éng däier Fassade. An't Fassade
vun der Haushärin schléit elo och nach Suergenfaalen!
Bon, waat as den Énn vun der Geschicht
déi aus dem Liewen gegraff ass?
Och 2 Expertisen, een gudden Affekot, an't Haushären selwer hun näischt erréecht. Së hätten noom legalen juristëschem Wee Recht kritt, mä den Fassadier huet séier eng Faillite ungemellt, an 4 Méint drop eng néi Firma gegrënnt, ënnert éngem aaneren Numm!
Fazit: d'Haushären hun allenzwee Suergenfaalen kritt, hun déier hir Rechtsmëttel ausgeschöpft, an hun ausser hiirer nu och nach faalëger Fassade, ëmmer nach eng bräcklëch awer ëmmerhin
*Thermësch isoléiert* bräcklëg Fassade.



Dat ass gewosst bei der Chambre des Métiers,
bei der Chambre des Experts.
Dass ët OCH héi am Grand-Duché esou schwaarz Schoof gin,
së sin namentlëch bekannt, awer hinnen sin durch äis
lëtzebuerger Gesetzer d'Hänn gebonnen!
Zeguer äis Compagnies d'Assurance versëcheren Ierch nët,
vir een Ëmbau,
oder soss eng gréisser Aarbëcht déi fällëg ass.
Déi wëssen och genau virwaat.
Virwaat ech Ierch dëst alles zielen, ma, do kritt een jo Angscht,
wann éen an Zukunft eng Firma, Entreprise,
oder soss een Handwierksbetrieb
an Unsproch huelen wëll.
Wann elo den Eenhéetsstatut am rullen ass,
mussen vill Firmen den Cent 3x ëmdréinen. An wou gëtt dann virt éischt gespuert? Um Material wat angebaut gëtt
an un der Qualitéit vun dësem Material. Nët ze vergiessen,
d'Qualitéit vun séngen Mataarbëchter.
Äis Geriichter an Affekoten inklusiv Expert'en sin lo
schon total iwwerlaascht mat gebräckelten Fassaden,
déier ökologësch falsch montéiert Chaudière'n,
schlecht réparéiert Auto'en.
Den Patron kann séch vill méi erlaaben
wéi een Client Rechtmëttel huet,
dat muss och emol gesoot ginn.
Wann éen dann séng Rechnungen vun séngen
juristëschen Helfer kukkt, an ët rechënt een jhust de
Montant vun der bezuelter TVA zesummen inklusiv
TVA déi vir den eigentlëchen Object geduecht wor,
dann sin ech der Méenung,dass äisen Staat
soubaal nët fäillite géet, well dat séch horrent summéiert.



Vive Lëtzebuerg
Mir wëllen bleiwen, wat mir sin.
Affekoten an Riichter hun vill zedinn.
Den Här Krecké, den Här Biltgen an och den Här Frieden
Strécken d'Käpp zesummen maachen d'Gesetzer noo Belieben!
Ëmmerhin huet den Här Junker grouss d'Macht,
hält den Lëtzebuerger gutt am Schacht!
An alles vir éng veréenëgt Europäësch Unioun?
Mä Här ass Här, an Max bleiwt Max
Dat ass an dat gëtt nie éng Fusioun!


by Pepita







Welcome | Pepita Bitch since 68 | Fighting spirit by Pepita | Poems by Pepita | My Daddy | Thorn Roots | Tree of Knowledge | The hope of Thorn roots | Miso since 1990 | Glossy Snap Shots | Beautiful Hours | Dog'ies by Miso | Dog'ies @ friends | Snowscape | Land Rover Story by Miso | Land Rovers | No more war | War Destruction | Future Grand Duke | Letters to the editor | Newspaper Articles | Critical thinkers | Staminet | Pier Kremer | Jemp Schuster | RTL 5 vir12 | RTL Pepita | DOK Pepita | Edy Krier | Käptn Änder & K1000 | Albert Nerini | Venant Arend | Georges Christen | Links by Pepi | Legal Disclaimer | Guestbook | Site Map

Last Up-Date Jan 15 2011 - Tropical Time

Back to content | Back to main menu