Miso @ Dewelt


Go to content

Fighting spirit by Pepita




***1973 - 2008***
35 Joër Geschicht aus Lëtzebuerg




Mat dësem Lieserbréif well ech un den 9. Oktober 1973 erënneren;
deen muncher Lëtzebuerger Aarbeschter awer och verschidden politësch Gréissten hoffentlëch nët vergiess hun.
Zemols well 2009 d'Wahlen unstinnlaang discutéierten
Éenheetsstatut aktiv gëtt!
Als Aarbeschterkand hun ech jo mat kritt, wie séch äis Pappen agesaat hun, wéi së der politëscher Gréisst gewisen hun, mat deem Streikopruff vum 9. Oktober1973 75 % solidarësch an fest entschloss op't Barrikaden ze goën!
Grond; ech zitéieren aus der Revue:
Onzefriddenhéet der Aarbechterschaft mat der Regierung!
Den Reportage vum
Josy Braun an Roby Raus vum
10. Oktober 1973
am Tageblatt wäisen détailléiert op't Streikbeteiligung hin:

  • Arbed Differdingen 90 %
  • Arbed Düdelingen 92 %
  • Arbed Mines 95 %
  • Arbed Dommeldingen 85 %
  • MMRA 98 % ; Zementwerk 98 %
  • Südgemeinden 99 % …etc.

Situatioun huet ferme geännert, haut schwätzt keen méi vun der Arbed, Pensionnairen vun der Stoolindustrie;
die iwwert Télé RTL; hir Méenung geäussert hun,
"dat wier wuel nët grâve an sëcher kee Noodéel."
Dass elo den Mittal d'grousst Wuet féieren giff??
Pardon, wat gelifft, die haaten wuel deen Streik verschloof!
Ët as an méngen Aën nët ze begräiffen, das Aabeschter,
die mat hiirer klénger Rent mussen éenz gin, séch solidarësch
mat der aktueller Situatioun vun äisem lëtzebuerger Wirtschaftswonner "Arbed" identifizéieren?!

Elo wou Mittal alles fest am Grëff huet, op all Photo an den Medien
een bréed Grinsen am Gesiicht.
Hien huet äis kritt! d'Regierung huet beschwichtëgt.
An elo? Lo hun mir den indëschen Bazar!
Trotz Investitiounen gëtt elo d'Wierk bäi äisen franséichen Nooperen zou gemaach. Déi fillen séch bedrunn, well sie ët woren, die séch zefridden mat der Situatioun iwwert d'Medien geäussert hun,
an séch hiirer Aarbechtsplaatz sëcher woren!
Do as elo grouss Enttäuschung ugesoot, komësch, mir wor dat kloër,
viirwaat hinnen selwer nët?
Oder huet Angscht së positiv schwätzen geloss, wéen sëch öffentlëch
negativ äussert; do wären d'Käpp soss gerullt?!
Dat wor dach een Fake vun Mittal, do investéiert,
vir d'Lëtzebuerger ze lackëlen…
der Welt ze bewäisen, dass Mittal Steel ët dach nëmmen gutt
mat äisem Ländchen méngt:
"Gewass, d'bläiwt alles wie ët as, ech Mittal, investéieren
produzéieren, haalen lëtzebuerger Stoolindustrie an Éihren"!!
Elo gesinn mir jo wat vir een Schlamassel äis d'Regierung
agebrockt huet!
An mir, nee vun Solidaritéit kann ech elo nët schwätzen,
sou vill Streik Beréedschaft wier wuel kaum vun énger
Gewerkschaft op't Béen zë brëngen!
Déi Hären wëllen jo ewell och all matmëschen, éen Stëck vun deem Kuch, sollen hinnen d'Grimmëlen am Hals stierchen bläiwen!
Deen Kuch hätten déi verdëngt, die
Arbed joëre laang grouss an
staark gemaach hun:
!! AARBËSCHTER !!

Äis innenpolitësch Situatioun huet méch haut an méngen Gedanken gestärkt dës Zäilen ze schréiwen, wéi stéet ët ëm äis,
an äisen Kanner hiir Zukunft?
Muncher politësch Gréisst sollt séch mol iwwerléen; egal wat ën geschafft oder studéiert huet. Bon; obwuel d'Studenten,
guffen jo schon als lidderëch bezéechent, léiwer Halli Galli an Vakanz…mir kénnen jo die traurëg Geschicht!!!
Dat wor schon een Affront géingt äis Zukunft; äis Kanner!!
Ech sin erschreckt iwwert den Här Juncker, säin Changement,
wie ën séch entwëckelt huet, do gëtt een schon baal un die fréier
Zäiten erënnert, déi mir vun äisen Grousmammen;
an deemols jonken Elteren; mat Tréinen an den Aën; erzielt kruuten.
Die Iwwerhiewlëchkéet, dee Blëck, Arroganz an Dekadenz pur…
Lues an lues nuschëlt ën d'Gesetzer duurch Chamber,
lues an hannen erëm, wéi een "falschen Kueder".
"Mir béit dach keen den Arm"!!??
Wéi séier entwëckelt den Mënsch mat Macht esou egozentrësch Auswirkungen déi séch dermoossen stäigeren, an kéen séet eppes,
well soss d'Käpp nees rullen!
Wëllen mir wiirklëch sou wäider maan, das äis politësch Macht frëndlëch an mat gudder Laun de fuerwëge Bändchen vun de näien Gebéihlëchkéeten duurch schnäid, d'Fundament gëtt;
wat firdrun schéin viirberéed guff; ënner groussem Applaus;
gefilmt vun der Presse; vun den Betonsmëscher opgefëllt.
d' Ingenieure'n, Querulanten, an all, déi séch getraut hun,
éen aanere Wee anzeschloën; läien drënner??!!
"Mir wëlle bläiwen, wat mir sin"
Nee, mir wëllen änneren, wat mir nach kënnen änneren!
Äisen Här Juncker méngt; vor allen Dingen; hien soot jo:
"Wann all näit Gesetz öffentlëch discutéiert giff,
wier laang éen Streik uggesoot?!
Mä ët wier jo dach kée Lëtzebuerger sou king, séch géingt …
"Äiser Här"… Junker ze stellen?

Mir, als stolz't Aarbëschterkand, blutt dobäi d'Härz!
Mäin Papp huet séch de Bockel kromm vir't Arbed geschafft,
mäin Papp wor och um
Streik vum 9. Oktober 1973!
Hien as déen mam dem zweesäitëgem Plakat décoréiert mat
original lëtzebuerger Mettwurscht'en.
Ech errënneren méch gutt, an ech sin stolz drop;
Mr. €uro!
Ech färten och nët, méng Méenung ze soën, an ruffen
Ierch Lëtzebuerger; an déi séch Äiser Natioun verbonnen fillen; op; das mir äis zesummen den
Fréidëg 9 Oktober 2008
bäi der Adolphe Brëck zesummen fannen, an dem
Junckesch Claud'ie mol wäisen, dass
MIR OCH Macht hun!
Awer nëmmen, zesummen, Soolidaritéit as ugesoot, sollen mir äisen Pappen nët bewäisen kënnen, dass mir, eng Generatioun durno,
souvill Mumm wéi SIE an de Knachen verspieren, dass MIR ALL äis wieren mussen.Mat allen Risiken, Konflikt'er, well Angscht wor OCH een Bewéegungsgrond vum ÄISEN Pappen den 9. Oktober 1973!!
Wéi trotz Beschwichtigungen per Presse an Radio den Aarbeschter & Bierger déi; nénnen ech së lo mol couragéiert an och motivéiert; eng Revolte; bis op deen léschten Moment eroof gespillt hun!!
Wëllen mir sou wäider maachen, soll jhust jiddweréen selwer firun sénger Diir kiiren, an dësen Zäiten, wou sou villes zesummen brëcht.
Kënnen mir äis dat vis ä vis vun Äisen Kanner erlaaben?
Ech hun all Zeitongsauschnëtt; deen méngem Papp wichtëg wor;
an Éihren gehaalen! Mussen mir nët all; hiire Kampf; hiir Angscht, awer eng grouss Solidaritéit vir eng besser Zukunkt;
zesummen séch entschloss ze wäisen;
dass mir äis nët méi laang vir dermoossen domm haalen loossen!!!

Cäsar ist großzügig. Er ehrt seinen Gegner, aber nicht
ehe er ihn erschlagen hat.
Marcus Tullius Cicero (106-43), röm. Redner u. Schriftsteller

Stolz't Aarbeschterméedchen
vum Pierre dit Pierchen Thorn


by Pepita
Background history:
http://dewelt.eu/my_daddy.html




Émissiounen-Ambitiounen-Impressiounen-Agressiounen!



Siéf ët an der geschriwwener Presse oder an aaneren Medien, all Daag éng néi Studie oder éng Statistik, déi äis andrënglëch wäisen soll wat mir säit Joer'ën äiser schéiner blo'ër Erd zoumudden! Wat awer opfällt, méeschtens ass dobäi
vill méi den "normalen" Bierger betraff,als Beispill éng Aussoo
vun der Mme.Merkel, op't Fro:
"Sidd Dir Ierch dann bewosst dass déi vill Réesen uechter Europa OCH
zu den Émissiounen bäidroen"? Der Bundeskanzlerin hir Äntwert:"Dat maan ech dach am Wuel vum Bierger déen jo och eppes dovir erëm kritt"!
Wat, dat soot së hiiren Däitschen Wiëler nët, mä bäi der nächster Steiererhéigung ass déi Fro wuel beäntwert!
Kënnt éen sech do nët bëssi veräppelt vir als Europäer?
Och äis lëtzebuergësch Politiker lossen séch mat schwéieren Limousinen
an der Dôsen chaufféieren ouni schlecht Gewëssen
ganz no der Merkel hiirem Statement!
Sollten déi Däitsch an och d'Amerikaner nët mol bäi séch unfänken,
déif an séch eran goën, an mol iwwert hir Vergaangeheet nodenken!
Äisen blo'ën Planéit huet haut nach mat den Folgen vum 2. Weltkrisch
ze kämpfen, an huet séch nach nët richtëg erholl.
Déi Milliarden schrecklëch'ër Bommen déi der Mënschheet sou vill Léed,
Trauer an vill zë dachs éen schrécklëchen Doud bruet huet,
ma do ass äis Erd dachs ellen gerësëlt gin.Och virun chémëch an
atomaren Waffen guff jo am Krichswahn kéen Halt geméet.
Hauptsache der Feind kapituliert!
Ganz zë schwéigen iwwert déi Tonnen vun Buëdemminnen,déi uechter äisen Globus vergruewen sin,an éenzel ënner groussem Risque éng no der aaner détectéiert gin! Wat kascht dat alles?

Grouss Events wéi d'Berlinade oder Cannes (bléiwen mir mol jhust an Europa). Immens deen Promi-Oplaaf, vun allen Écker der Welt sin së geréest komm, (bestëmmt nët zefouss) vir am Rampenlicht éen schéinen Androck ze maan.
Mat der Hoffnung, hir't Bild déen aanerën Daag
an énger wann méiglëch op Héichglanzpabéier
gedrëckter Illustréiert'er erëm zë fannen!
Mat recycléiertem Pabéier gesäit éen Pooren zevill vun der samtëger Haut, opgepusht mat Botox vun déem Promi Chirurg speziell vir dësen
Event ageflunn as, Manikür, Pédicure den Star Figaro...
Alles stéet prett, vir't Vedette!
DAT verkéeft séch gutt!
Waaten déi sëllëge Prominenz dobannen dinéieren, sin mir elo nët sou
gewuer gin kann mir awer nët virstellen, dass ët Schweinskopfsülze an Rotkäppchen-Sekt guff.
Éischter ganz ausgefaalen Spézialitéiten,déi mat vill Émissiounen
dohinner geflunn sin gin, mä do séet léiwer kéen näischt, well dat jo
och massëg Tourismus an déi Stiëd brëngt, an déi Prominenz,
déi séch mat Schweinskopfsülze an Rotkäppchen-Sekt
zefridden géifen gin, sin sëcher vir den
Publikum an Staatskees manner interessant.
Der Mensch will betrogen werden.

An den Amerikaner: den Pobst vun der Ëmwelt, den El Gore,
hällt groussartëg Rieden vir éen Klimakollaps zë verhënneren, wou jo genau gewosst ass, dass d'Amerikaner séch guer nët un den
Kioto-Vertrag haalen méi grave nach d'Zuelen verfälscht hun!
Dat as wéi Geldfälschung "normal" Léit gin vir sou éen Delikt verurdéelt,
kommen an de Prison an hir Carrière as erriwer.
Nët esou bäi äisen Staatsbeamten, Politiker, Rechtsverdreher,
do hëllt den Riichter wéi den Schneider éen aanert Mooss
an méi éen fäinen Stoff, dass wann owes bäim Dîner;
d'Personage'n am Frack souwéi den exclusiven Dëschschmuck
harmônësch iwwerernéen gestëmmt sin.
Sou och den Al Gore, no sénger ausschwënglëcher Ried, klëmmt ën
an séng panzersëcher Limousine, wou natierlëch franséichen Champagner, russëgen Kaviar an wëll gefëschten Garnelen op hiën waarden.
Mat énger Eskorte vun minimum 8 amerikanëschen SUV natierlëch
och all gepanzert, gëtt ën op säin nächsten Congress chaufféiert.
Ech wëll nët wëssen, wat déen mat séngem Buch verdingt huet,
wat jo OCH vun äisen Politiker dëck geluewt guff an zum Buch
vum Joër gewielt guff.
Amerikanësch Auto'en hun schon éen enormen Verbrauch,
gepanzert Versiounen dogéingt, verbrauchen nach vill méi,
ënneraanerëm och wëngs dem Gewiicht.
Den amerikanëschen Bierger un séch fiert haaptsächlëch mat
bombastëgen 4x4 gären mat 8 Zylinder oder mat 12 Zylinder.
Dat Wuert: Emwelt, Mülltrennung missten séch der vill éischt
mol erklären lossen.
Awer mir Europäer ënnerstëtzen jo déi Liewensart vun
den Amerikaner, virwat froot Dir Ierch elo?
Een Artikel an énger lëtzebuerger Zäitung vum 24.-25.02.
erklärt ganz gutt dat duckmäusëg'st Verhaalen vun den
Europäer vis à vis den Amerikaner.
Een Resumé: Den Réihoulëg ass elo sou däier, wéi schon laang nët méi,
an e klëmmt an e klëmmt an e klëmmt!



Dat gin mir jo all Daag an der Presse an bäi der
Pompel gewuer, de Grond:
Durch Spannungen wëngs dem iranëschen Atomprogramm an deen laangen kaalen Krisch ass den Barrel terribel an't Luucht gaangen,
ausserdem kann den Amerikaner anscheinend guer nët haushalten
(dat fällt jo schon méi laang op) wann éen déi horrent Sommen calculéiert,
wat den Krisch am Irak bis elo kascht huet vun déenen villen Doudëger mol guer nët ze schwätzen.An elo plangt den Bush d'Strategie vir éen Iran-Krisch.
Nët zë gléewen, d'stung haut an der geschriwwëner Presse.
Innerhalb 2 Wochen haaten Amerikaner een Défizit vun 5,1 Milliounen Barrel,
së haaten séch halt verrechënt an séch (wat wëdder an der Wirtschaft,
nach an der Politik verlässlëch ass) un den Statistiken orientéiert! d'Amerikaner sin géingt Statistik schon zevill mam Auto gefuer, ée do
iwwerhaapt Vakanz ungefaangen hat.
Wéi réagéiert den Europäer? Nee, nët sou wéi së mat äis Schlitt fueren,
an äis daagdäglëch mat néien Hyobsbotschaften dëst an dat
(wourobber ech häno nach an den Détail kommen wärt) verbidden wëllen,
mam groussen Zeigefinger op äisen nach blo'ën Ballon hinwäisen!
Europäer hun ganz brav, ouni déi geringst Kritik, 9 Uelëg-Tanker gefëllt,
déi séch op den Wee man, bei äis amerikanësch Frënn, dass déi mol
nees kënnen Gas gin, mat hiiren 8 Zylibinder!
Ët as bewisen dass d'Amerikaner Wollëkën impfen kënnen,
d.h. d'Amerikaner an och d'Russen kënnen schlëmm Wierderën
beanflossen an op verschidden ausgewielten Regiounen lénken!
Google: Experimente USA
Do staunt éen nët schlecht!

Ma doriwwer gëng ech mol noodéenken, nee, mir gin oofgelénkt.
Den Europäer gëtt an Bréissël vir domm gehaalen de Lëzebuerger
soll zerëck stierchen an bis 2012 mat Auto'en fueren déi net méi wéi
120 mg oder manner Émissiounen an't Loft bloosen.
Mir sollen dann och nach Fahrgemeinschaften grënnen?!
Ouni Klimaanlaag, kéen Radio an och kéen GPS méi un Bord.
Dat verbraucht jo Stroum, ergo méi Sprit.
Och wärten dann an der Dämmerung nach manner Chaffeur'en hiir
Luuchten un maan wat op schon sou geféierlëchen Strecken wie
Koplëch-Miersch oder Dräibunn jo liewensgeféierlëch Folgen kann hun!
Beim Émissiounswert gëtt jo den mëttlerën Taux verrechent,
daagdäglëch gesäit éen am Stroossenverkéier dass permanent de
Gaspedal bis maximum gequält gëtt.
Ass dat den Sënn. Gëtt et do iwwerhaapt een Sënn?
Wann an Zukunft nëmmen méi kléng Auto'en fueren, dann bräichten
Pompjéen zousätzlëch néi Équipement:
Éen Blechöffner an éng Spachtel!
Mat 90 op der Collectrice gëtt éen dach permanent vun den
Camion'en iwwerholl, déi gin och Gas, wat gëss Du, wat hues Du!
Do gin ët der déi dämpen hannen eraus, dass éen wonnëscht méngt,
wat déen wuel verbrennt! An dann dée kléngen ëmweltbewossten
Bierger am kléngen Auto? Wann ët dann knuppt,
dann brauch éen kéng Ambulance méi dann kënnt direkt den
Doudenwoon,an ët gëtt een direkt mat dem Öko-Auto'chen recycléiert,
sou spueren mir vill Holz vir Doudenlueden.



Dëst Holz gëtt dann vir Bio-Sprit genotzt, vir duerno mat däieren
Studien eraus ze fannen, das den Bio-Sprit manner ökologësch
as wéi dëck getéint. d'Auswiirkungen sin jo elo schons zë spieren,
Hongersnout an Hawai etc. Déi Länner déi den Räis unbauen,
hun selwer näischt méi ze knaën!
Majo vir äist Gewëssen zë erliichteren, gëtt halt éen Spenden-Opruff
gestart, an mat vill Sprit gin dann Nout-Ratiounen an déi Länner geflunn!
Ech sin éen groussen Fan vum lëtzebuerger RTL-Radio,
lauschtern déen och ganz vill. Awer dës léscht wor do éng
Ëmfro mat verschiddenen Aussoen vum Jan Logelin, wou ech mir mäin't einfach geduecht hun. Den Jan huet verschidden Léit gefroot,
ob mir am kléngen Grand-Duché iwwerhaapt sou Gefier'er brauchen,
déi sougenannten SUV. Also ech wées jo nët, guff do alles
eraus geschnidden, wat nët an de Schema gepasst huet?
5-6 Léit guffen zu hiirer Meenung gefroot:"nee esou éen SUV
ass am Fong guer nët néidësch, wat brauch éen dat och,
wann éen an den Supermarché ankaafen géet".
Sou ähnlëch woren 5 Ausso'en, éng Mme. hat zwar zou gin,
selwer éen SUV hiir't Éegentum zë nénnen, huet trotzdem geméngt,
am Fong gingen së déen awer guer nët brauchen!
Ëmfroo wor erriwer, an den Jan huet säin Schlussplädoyer bruecht
"An äisem kléngen Ländchen (wou mir jo all Joër sou vill Schnéi
an dermoossen héich Bierger hun) dat wor ironësch vum Jan geméngt,
"brauch éen gewass esou éen Gefier".
Wéi,wat héescht dat? Éen 4x4 brauch guer nët unbedingt méi
Diesel oder Sprit, mä ech hun awer éng Sëcherhéet
déi ech an éngem kléngen Auto nët hun, schon guer nët wann éen
ze 4 dran sëtzt, wéi Sardinnen. Hutt Dir schon mol genau gekukkt
vivill Dir lueden dierft,
gesamtlässige Zuladung! Mir sin sou gutt wéi nie iwwerlueden bäi 3500 kg Gesamtladung an fueren mat 10-11 Liter Diesel.
Mir sin 75000 km mat éngem Saatz Pneu'ën gefuer.

Lauter Pikkeréien vum klénge Bierger géingt de klénge Bierger, traugëg.
Aplaatz das mir mol zesummen haalen an mol tëscht den
Zäilen vun äisen Politiker noolauschteren.
Gëff dem Hunn puer Kären ze pikken, dann kënns Du un séng Äér!
Bäim Auto-Mag awer gëtt den näien Cayenne virgestallt.
Fahrspass pur, vill Power an durch den Bulli géet déen wéi Ziz.
Majo wat soll ech als 4x4 Fan do dénken?
An elo wou ech amgaang sin héi ze tippen , hun ech mir dach tatsächlëch erlaabt , importéiert Drauwen aus Afrika zë iessen, eih, éng no der aaner,
do huet den Max Kuborn Recht, së sin immens säftëg an hun baal kéng Stäng.
De Max wor jo selwer op der Plaatz an ët konnt éen séch déi
Plantage'n unkukken, ët kruut nach wäider zousätzlëch
Informatiounen iwwert dës Regioun an den Unbau!
Së schmaachen wonnerbar, an ech hun OCH
kée schlecht Gewëssen dobäi!
Stellt Ierch vir, elo boykottéieren d'Europäer bzw.
d'Lëtzebuerger all sou Produits'ën wéi Drauwen, Kiwi'en
an d'Banannen, ergo, alles wat vun wäit hir kënnt.
Dann mussen d'Europäer an och d'Lëtzebuerger spéitstëns no
2 Joër
déi Länner subventionéieren! Wéi sollen all déi Léit dann mat
Famill'jen iwwert Ronnen kommen wann mir elo déen Marché blokkéieren,
déen jo och mat europäëscher Hëllëf opgebaut guff.
Wat hëllëfen dann Micro-Crédit'er, wann éenzel Léit an aarmen Länner
séch domadder éen Standbéen wollten opbauen,
awer mir wëllen lo näischt méi vun do.
Gëllt dat dann och vir déen canadëschen Hummer,
esou wéi vir de russëgen Kaviar an vir déi ganz dékadent,
Blaatgold als Highlight um dekoréiertem aus China
importéiertem fäinen Porzellan mat Goldverzierungen.
Apropos Gold, brauch éen do nët Onméngen Quecksëlwer,
vir't Gold eraus zë wäschen? Gebitter méi grouss wéi äis
Groussrégioun gesinn eraus wéi éng Moundlandschaft.
Bäi der Diamanten Sich ass Situatioun an den onökologëschen
Raubbau un der Natur, nët aanëscht! d'Regenwälder gin oofgeholzt,
das ët éngem am Härz blutt, dass sou vill dëck Béem radikal ewéch geséet gin!
Géet nëmmen ëm "How many units"



Déi Awunner gin dann zousätzlëch ausgebeut,së schaffen vir éen
Hongerloun dorunner hir éegen Natur zë zerstéieren.
Iwwerall Krisch op der Welt, die Räich profitéieren vun der Armut
am duëbel'ën Sënn. Bäispill Dubäi, do schaffen d'Inder vir éen Hongerloun wunnen nët am confortabel'ën Hotel, së gin gehaal wéi Véih am Stall!
Kukken déi noom CO2?
Vir't Bewässerung vun éngem Golf-Terrain hätten aaner Léit éen Joër
Drënkwaasser etc. Mir sollen dann all déi Pracht an orientalësch
virgegaukelt Atmosphäre genéissen kënnen. Nee Merci.
Do sollen rouhëg déi hingoën déi an déen Cader passen,
d'Prominenz vun den Héichglanzzéitungen.
d'Vedette'n gin jo nët nëmmen vun den Medien crééiert,
sondern ganz Filmbranche hängt och vun den Quoten of.
All Aktivitéit as mat CO2 verbonnen, Baaler, Vakanz'en,
Auto, Flieger, Formel 1,sämtlëch Sportsaktivitéiten,
schaffen fueren, puupsen.
As ët iwwerhaapt den CO2, déen Ausléiser?
Dat Geschwaafëls all owes op den diversen Chaine'n,
méet méch perséinlëch immens roosen, mol ass ët éen Klimaexpert,
déen mam Fanger op't Auto'en wäist, den kléngen Bierger
gëtt mol als éischt geschröpft, hun déi Léit dann all näischt
an der Geschicht geléiert, déi ungeschwaaten Problem'er
kommen dach nët vun haut an gëscht, och wann divers Étude'n
elo zënter 6 Joer laafen.
d'Émweltzerstéierung ass schon Joerhonnerten amgaang,
den Raubbau un der Natur ass sou aal wéi d'Mënscheet selwer!
Wéi guff dann an der Goldgriewerzait Gold aus den Stäng gewäscht? Expeditiounen op den Nord an Südpol, den ganzen Dreck hun së läiengeloss, wat Déieren gefriess hun, an dorunner futti gaangen sin.
Haut wann së éng Expeditioun organiséieren,
sammelen Forscher den Müll an,déen 50 Joer do läit.
Dann gëtt den Dreck vergangener Pioniere per Schëff an
Helikopter nées an't Zivilisatioun gefouert.
Ma do hun së nach vill zedinn, den Müll an Knascht op
äiser schéiner Erd zesummen zë sammelen, déen durch Expeditiounen,
Krisch, Belagerungen etc. vun den Generatiounen virun äis zë sammelen!
Marod Uëlegtanker, gefréckten Pipe-Line's,
Atomschëffer déi virun séch hin rotten.
Déi schéinst Diamanten an Goldkréationen, déi dëcksten Yacht.
Kéng Rücksicht op de bloë Planéit.
Do huet d'Natur kéng Lobby, wann ët ëm d'Suën an't d'Macht géet!
Wien profitéiert? Die oberen Zehntausend!
Ah, ech méngen elo verstinn ech sou lues, ët gëtt
ëmmer nach éen Ënnerschéed, vun déenen déi durch hiiren
Status nët mussen ëmkukken, wat Émissiounen ungéet.
Vir déi géet ët duer, séch emol bäi éngem Waaserstoffauto
fotographéieren zë lossen, an duerno klammen së nées an hiiren
Luxusschlitt, an lossen séch Garde Robe vum Lagerfeld anfléihen.
Awer de kléngen normalen Bierger, déen kritt Gesetzer geméet,
an wann ën nët parréiert, méet ën den Porte-Monnaie op,
ët ass schon zë calculéieren, wéi laang ën séch dat léeschten kann!



Sëcher maan mir all vill Dreck, eléng den Verpackungsmüll
déen unfällt ass horrent.
Mir den Endverbraucher bezuelen déi Verpackung mat,
an mir wëssen jo all das esou éen Emballage méi voluminéis kann sin,
wéi den eigentlëch gewollten Object.
Das Auge ist mit. Der Mensch will betrogen werden.
Awer op den Konsument mam Fanger wäisen!
Vir ëmmer méi Geld am Butték lass ze ginn, mussen mir häno
och nach äis éegen Caissière mat an de Butték huelen,
dass mir d'Wueren geréchënt kréien.
Sou laang ass ët nach nët hiir, do konnt éen ee Wéenchen huelen,
huet näischt bezuelt, mir sin getrimmt gin, elo stierchen mir 1 € dran,
an brëngen ën brav bei all Wieder nées an d'Caddy Haischen zerëck.
Lo gin mir op äisen Eco-Sac getrimmt‚d'Wueren awer sin nët méi bëllëg gin, obwuel d'Geschäfter jo och Suën spueren.
Dat do sin am Fong banal Béispiller, së waisen awer kloer,
wéi den Hues léeft.
d'Welt ass jo nët stoen bliwwen, alles entwëckelt séch rasant,
äis Technique,äisen Liéwensstyl, wéi elo virun kuurzem op der Télé gesinn,
gin jo och äis Familjenfester zu Events mat Traiteur
an gelounten Räimlëchkeeten.
Awer wéi passt dat dann zesummen? Soll den Traiteur dann mat der
Ritschka kommen, an déi chic gekléedten Invité'en mam Velo?
Ët widdersprëcht séch dach, an kënnt mir lächerlëch vir!
Mir hun durch äis Aarbëcht, äisen Liewensstyl och ée Bedürfnis
äis eppes léeschten zë dierfen. Sief ët nû grouss Famil'jen-Events
oder Réesen, wat den Lëtzebuerger jo och gären méet.
Mir hun mëttlerweil éen Verkéier an der Loft, dass Lotsen an't
Schwéessen kommen, viir d'Plaatz am Loftraum sou zë berechnen
dass ët kée Stau iwwert den Wollëken gëtt. An dach kënnt ët vir,
dass muncher Fliiger'en ée puer Ronnen dréinen mussen,
ée së landen dierfen. Déi, die nach Cérosin an den Flillékken hun,
dée gëtt erauspulveriséiert. Soss wier éng Landung zu geféierlëch!
Just dovunner gëtt näischt geschwaat. Den Praisdumping vun
Bëllëg-Airlines ass esou haart, dass éen vir mol net 50 €
durch hallëf Europa fléien kann.
D'gëtt alles mat verschiddener Mooss gerechent.



Jiddweréen as der Méenung, mam näien Terminal giffen
mir als Lëtzebuerger international gutt stoën,
an fueren dann op de Haan?

Ökologie an Économie; dat sin 2 puer verschidden Schung.
d'Léscht Chrëschtdaag guff an énger Süd-Staat, massëg Schnéi
produzéiert, vir't d'Léit op den Chrëschtmaarkt zë lackëlen,
kascht dat kéng Energie?
Wann an Kitzbühl d'Hahnenkamm Rennen organiséiert gëtt,
eléng vir déi Piste zë préparéieren, dat kascht Milliounen.
Formel 1 Rennen, ma léiwe Jong, do kinnten mir mindestëns 1
Joër laang een Haus hëtzen an mam Auto fueren.
An elo aktuell: d'Olympia!
D'Flaam gëtt vun honnerten beschützt, allez, allez,
alles Status Symbol'er.
Awer de kléngen Bierger gëtt mat "Kulturjoër an Groussregioun"
oofgelénkt, lo mëttlerwäil héescht ët:
Shopping in Luxembourg, good idea!
D'Crevettes grises gin bis an China geflunn vir pélléiert zë gin.
d'Véih gëtt durch verschidden Länner koutschéiert,
wëngs den Subventiounen, etc.

Nächst Joër sin d'Wahlen,an den Éenhéetsstatut gëtt wirksam!
Ma do kukken mir puer Lëtzebuerger nach domm,awer d'Regierung wëll een 700.000 Mann Staat aus äisem Ländchen maachen.
Dann läien mir wéi Pânëscher opernéen.

Äis Kanalisatioun katzt lo schon, an d'Fékalien laafen duurch't Flëss.
Och am schéinen Our-Dall, wat vill vum Tourismus belagert,
an vum Staat subventionéiert gëtt hun vill Léit nach kee Kanal!
Ech hun een Häischen Our-Dall, awer keen Kanal, sondern éng Fosse.
Den Iwwerlaaf vun dëser Fosse léeft durch méngem Nooper säin Gaart
direkt an't d'Houschterbaach, Pfui Däiwel.
d'Gemeng as och au courant, awer vir éen Kanal as kée Geld do,
vir Status Project'ën schon.




Ët gin Millioune Bäispiller, wéi korrupt ët och an äisem Ländchen léeft,
awer mam Fanger op't Russen wäisen.
Soot mir, wou as do een Ënnerschéed?

Mir "Normal" Bierger gin dach vir domm gehaalen, mir kréien an den Medien OCH nëmmen zenséiert Material ze gesinn,
oder gléewt Dir nach un de Kléeschen?

Dës Léscht wor éng Ministerin am Cap Vert, vir do den jonken
Läit zë erklären, wat vir Schoulen sie sollen absolvéieren,
vir an Lëtzebuerg Fouss zë faassen.
Kuurz drop wor éng Versammlung mat genau dëser Ministerin an
Iechternaach, vun allen Foyer's Kanner
(Kaaner déi an éngem Häim liewen),
aus äisem Ländchen!
Télé wor selbtverständlëch och présent, d'Filmmaterial guff
esou geschnidden,dass all Ausoo vun den Kanner immens
positiv erriwwer komm as.
Ma ech wees aus sëcherer Quell, das ganz aaner Säiten do laafen,
dass den Budget an den Foyer'ën gekiirtzt gin as, das méi Kanner mat manner Personal an manner Suën auskommen mussen.
d'Haaptsaach d'Madame huet Punkten bäi den Wieler gesammelt,
an dat op d'Käschten vun dësen Kanner, déi schons genuch Misère
an hiirem jonken Liewen haaten!
Superbe, Vive Lëtzebuerg
Dat as dach Blasphémie, wat méet äis Regierung dann mat déem
agespuertem Geld, wat së zb. anspueren, nëmmen wat
äis Foyer'ën betrëfft?
Iwwert alles an jiddweréen gin ët Statistikën, jhustement
hun ech nach kéng gesinn, wou den Suivie vun dësen
Kanner documentéiert gëtt.

Déi gin léiwer ënnert den groussen Regierungsteppëch gekiirt,
well dat wier éng Schaan vir äist Ländchen. Wou joërelaang Aarmut schons véhément vernéent guff.

Mat dësen Suën wat déi Versammlung an d'Rées op den Cap Vert
kascht huet, vum CO2 ganz oofgesinn, déi hätten
den Kanner sollen zëgutt kommen!



Tjo, mä dat verkéeft séch nët sou gutt, zemools wann d'Wahlen unstinn.
Die méeschte Kanner stin dach souwiesou nach ënner "tutelle".


An héi elo ë Bäispill, waat genau dokumentéiert,
wéi korrupt e¨t och héi am Ländchen zougéet!

Den 30. Abrëll 2008 wor mëttes éen Stau vum Friedhof op Diekirch,
dat hun ech nach nët erliewt! Vill Chauffeur'ën hun demi Tour gemaach,
wat déelwäis zu richtëg geféierlëchen Situatiounen gefouert huet!
d'Gung guer näischt méi. Natierlëch hun ech den RTL gelauschtert,
ech wéi vill aaner wollten wëssen, wat do soll lass sin. !
NÄISCHT!



Mäin Méedchen huet an Dikkrëch selwer op méch gewaard,
Police Beamten haaten d'ganz Kräizung zougemaach!
Së hun d'Léit gefroot, wou déi hinfueren!
Mäin Méedchen an 3 Frënn hun noogekukkt:"
Wou fourt Dir?" déen nächsten...



Um RTL wäiderhin déi Gespréicher vun déem Arméi Skandalchen,
näischt vun éngem Super-Stau! Soss gin së um RTL durch:
"Opassen Réih op der Stross"
Dat waard bestëmmt nët do, bis een Grashallëm durch den Macadam wiist!
Wéi mir endlëch aus déem Stau woren, äist Méedchen as de
Bierg eropgaangen, äis entgéingt komm. Bis op den Fridhaff erop,
éen Auto op déen aaneren! CO2 pur
héi dun koum den Traffic Info:
Do
wor éen Stau an Diekirch, déen as awer ganz normal durch
Touristensaison an nët wäider aussergewéihnlëch!
Kéen Wuert soss! Pardon, wéi gelifft?
An sou léeft ët dach bäi allem. Do géet enzwouch den Telefon,
mat éngem Big-Boss, an dann gëtt de
roude Bic geholl.
Jhust Publicity ziélt, an dat wier wuel kéng vir Dikkrëch'er Beamten
an ganz Police déen Daag gewiercht.



Wat hannen drun as , do hun mir jo wëdder kéng Zäit
vir driwwer no zë dénken!

Tëscht der Aarbëscht an dem Stau op den Stroossen vir gestresst héem ze fueren
an doheem Bréifboîte op ze spären,
d'Rappel'ër eraus ze huelen, déi äis wäisen,
wéi ët wiirklëch ëm äis stéet!


by Pepita

28.Abrëll 2008
Background Info: http://dewelt.eu

Welcome | Pepita Bitch since 68 | Fighting spirit by Pepita | Poems by Pepita | My Daddy | Thorn Roots | Tree of Knowledge | The hope of Thorn roots | Miso since 1990 | Glossy Snap Shots | Beautiful Hours | Dog'ies by Miso | Dog'ies @ friends | Snowscape | Land Rover Story by Miso | Land Rovers | No more war | War Destruction | Future Grand Duke | Letters to the editor | Newspaper Articles | Critical thinkers | Staminet | Pier Kremer | Jemp Schuster | RTL 5 vir12 | RTL Pepita | DOK Pepita | Edy Krier | Käptn Änder & K1000 | Albert Nerini | Venant Arend | Georges Christen | Links by Pepi | Legal Disclaimer | Guestbook | Site Map

Last Up-Date Jan 15 2011 - Tropical Time

Back to content | Back to main menu